
© Eldo
An der Rue du Canal zu Esch goufen e Sonndeg de Mëtteg zwou Persounen ugegraff.
E Mann war vun dräi jonke Männer iwwerfall ginn. Hie gouf geschloen a seng Goldkette gouf geklaut. Eng Fra gouf och vum Abriecher gestouss a blesséiert. Béid Persoune goufen an d’Spidol bruecht fir medezinesch behandelt ze ginn. Si konnten d’Spidol no ambulanter Behandlung verloossen. Den Haapttäter konnt virun engem Lokal ermëttelt a gestallt ginn. Déi zwee aner Verdächteg konnte bis ewell net fonnt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf d’Persoun festgeholl an ass e Méindeg virun den Untersuchungsriichter komm.