Den OGBL positionéiert sech géint eng Lëtzebuerger Versioun vun Uber.

En neie Projet gouf vum Mobilitéitsminister François Bausch virgestallt: et géif sech ëm eng App handelen déi de Kontakt tëscht dem Client an den Taxi-Firmae vereinfache géif. Dës Plattform gëtt mat Uber verglach. Den OGBL ass net géint eng digital Plattform an dësem Secteur, mee insistéiert dass se d’Aarbechts- a Sozialrecht respektéiere soll. Wann en System vum sozialen Dumping vum Mobilitéitsministère agefouert géif ginn, da géif den OGBL sech dogéint wieren.