D’Veraarbechtung vu Fluchpassagéier-Daten duerch EU-Länner gëtt immens ageschränkt.

Dat huet dat europäescht Geriichtshaff zu Lëtzebuerg decidéiert. D’Veraarbechtung soll op dat absolut Noutwennegst beschränkt ginn. Nëmme bei enger terroristescher Menace kéint e Memberstaat d’Date vun engem Fluchpassagéier weiderginn. D’Donnéeën dierfen och net fir 5 Joer gespäichert gi mee éischter fir 6 Méint am Normalfall. Méi laang kann ee just Infoen iwwer Mënsche späicheren, déi eventuell eng Gefor duerstelle kënnen.