Bei enger Poursuitte an der Géigend vu Stuttgart goufen 2 Poliziste schwéier blesséiert.

En Dënschdeg am Nomëtten hat d’Police aus Baden-Württemberg eng Kontroll op der B27 an der Géigend vu Stuttgart duerchgefouert. De Chauffer vun engem Skoda hat hei d’Zeeche vun de Beamten, fir stoen ze bleiwen,  ignoréiert an Demi-tour gemaach. D’Poliziste waren him doropshin hannendru gefuer. Wéi de Skoda, bei enger Ausfaart, vun der Strooss ofgefuer ass, war de Policeauto vun der Strooss ofkomm an an d’Leitplank gerannt. Déi 2 Polizisten, déi am Auto souzen, goufe mat schwéiere Blessuren an d’Spidol bruecht. Eng Policeschülerin, déi hannendran am Auto souz, gouf liicht blesséiert.