Wéi et vum Xavier Bettel heescht, hättd d’Ukrain et verdéngt, de Status vun engem Bäitrëttskandidat ze kréien.

Lëtzebuerg wäert sech am europäesche Rot dofir ausschwätzen, dass d’Ukrain de Status vun engem EU-Bäitrëtts-Kandidat kritt. Dat hat de Staatsminister Xavier Bettel dem ukrainesche President Selenykyj en Dënschdeg am Kader vu senger Visitt zu Kyiv matgedeelt. D’Ukrain an dat ukrainescht Vollek hätten et verdéngt, dass d'Land de Status vun engem Bäitrëttskandidat kréie géif.  Gläichzäiteg huet de Xavier Bettel drun erënnert, dass et keng acceleréiert Prozedur fir en EU-Bäitrëtt géif ginn. Mam Kandidaten-Status géif e laange Prozess ufänken. D’Ukrain misst um Wee, bis zum EU-Bäitrëtt nach vill Erausfuerderunge meeschteren. D'Land kéint dobäi awer op d'Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg zielen.