D’Diskussiounen ëm de Plazverweis an der Chamber schéngen net op en Enn ze kommen.

De Gesetzesprojet iwwert de Plazverweis stoung en Dënschdeg um Ordre du Jour vun der Kommissioun fir bannenzegst Sécherheet vun der Chamber. De Projet gesäit fir, dass d’Police Persounen, déi sech onerlaabt an den Aganksberäicher vun ëffentleche Gebaier ophalen, vun do verweise kann.

Der Oppositioun geet dat net wäit genuch. Den CSV-Deputéierte Léon Gloden hat dofir en Amendement Parlamentaire um Gesetz abruecht. Dëse gesäit d’Aféierung vun engem generaliséierte Plazverweis vir. Dëse géif et der Police zousätzlech erlaben, ze intervenéieren, wa Persounen sech onerlaabt a private Gebaier ophalen. Ausserdeem sollt et méiglech ginn, Persounen, déi e puer mol géint e Plazverweis verstousse mat op e Policebüro ze huelen.

Esouwuel de Policeminister Henri Kox, ewéi och déi Deputéiert vun der Majoritéit hunn sech géint dësen Amendement ausgeschwat.