A Frankräich setzt de President Macron e Mëttwoch seng Gespréicher mat de Spëtze vun deene verschiddene politesche Parteie fort.

D’Zil vun de Gespréicher ass et nach ëmmer eng politesch Majoritéit am franséische Parlament ze konstruéieren. An deem Kontext stinn e Mëttwoch am Elysée Gespréicher mat de Virsëtzende vun "Europe Ecologie-Les Verts", dem "LFI" an "Horizons" um Programm. Den Emmanuel Macron steet den Ament a Frankräich ënner Drock, nodeems seng politesch Allianz "Ensemble" bei de Parlamentswalen, déi absolut Majoritéit verluer hat. Kritiker reprochéieren him, am Walkampf net genuch Presenz gewisen ze hunn.