An der afghanescher Grenzregioun mam Pakistan ass et e Mëttwoch zu engem schwéieren Äerdbiewe komm.

Wéi et vun der staatlecher afghanescher Noriichtenagence "Bakhtar" heescht, wieren hei iwwer 1.000 Mënschen ëm d’Liewe komm. D’Taliban, déi den Ament an Afghanistan un der Muecht sinn, hat vun honnerte vu Blesséierte geschwat. Mee elo gëtt vun op d’mannst 1.500 Leit Blesséierte geschwat.

D’Zuel kéint nach an d’Luucht goen, well d’Regioun schwéier zougänglech ass. Vill Wunnenge solle komplett zerstéiert gi sinn. Nieft de Mënsche wieren och vill Déieren ëm d’Liewe komm. D’Biewe soll d’Leit an der Nuecht iwwerrascht hunn. Et bréicht een dréngend Hëllef, fir eng humanitär Katastroph ze verhënneren.