De Premierminister Xavier Bettel huet fir de Virowend vun Nationalfeierdag seng traditionell Ried gehalen.

Et géif sech ëm den éischten Nationalfeierdag handelen deen a gewinnter Form nees stattfanne kann.

De Premier wollt de Leit och gedenken déi eis verlooss hunn. Nieft der Pandemie huet de Premier och de Krich ugeschwat. Hie selwer war jo och um Dënschdeg an der Ukrain.

De Premier wier an deem Kader houfreg op d’Solidaritéitswell déi et zu Lëtzebuerg gouf. Op d’Präisdeierecht an d’Äntwert vun der Regierung a verschiddene soziale Partner ass de Xavier Bettel och ze schwätze komm. Och de Klimawandel, an d’Contributioun vun de Frontaliere waren Themen déi an der Ried ugeschnidde goufen.