En Dënschdeg huet an der Avenue Monterey an der Stad en heftege Sträit tëscht zwou Persounen zu engem Fall vu Kierperverletzung gefouert.

Géint 22h00 gouf den Tëschefall gemellt. Eng Persoun gouf blesséiert an d’Spidol bruecht. De Verdächtege gouf méi spéit ermëttelt an op de Policebüro bruecht. Béid Persoune waren alkoholiséiert. De Verdächtegen ass an d’Ausniichterungszell komm. De Parquet gouf informéiert an et gouf e Protokoll ausgestallt.