An de leschte 6 Méint huet d’Police bei Verkéierskontrolle ronn 4.000 Verstéiss pro Mount festgestallt.

Dat huet de Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri Kox an enger parlamentarescher Äntwert gesot. Wann ee mobil a fix Radaren esou wéi Verwarnunge mat Geldstrof vun Agents Municipaux matzielt, kënnt een op ronn 60.000 Verwarnunge mat Geldstrof déi pro Mount un Automobilisten ausgestallt ginn.