D’Inneministesch Taina Bofferding huet an enger parlamentarescher Äntwert Zuelen zu de finanziellen Hëllefen no den Iwwerschwemmungen 2021 matgedeelt.

664 Demande vu Privatleit goufe fir eng finanziell Ënnerstëtzung beim Familljeministère um 13. Juni agereecht. 598 Demande goufen ofgeschloss. Hëllefen an Héicht vun iwwer 7 Milliounen Euro goufen ausbezuelt. 66 Dossiere stinn nach op well néideg Dokumenter feelen. Wat den Inneministère ugeet goufe bis de 16. Juni 32 Demandë vu Gemengen agereecht. 7 Gemengen an 1 Syndikat goufe fir iwwer 1,3 Millioun Euro entschiedegt.