2.500 Dosissen Impfstoff géint d’Afepouken si fir Lëtzebuerg virgesinn.

Dat äntwert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro. D’EU-Kommissioun hat nämlech 110.000 Dosisse bestallt. D’Liwwerung fir Europa soll nach Enn Juni ukommen, obwuel et kee genauen Datum gëtt. 2 Dosisse gi gebraucht fir eng Grondimmuniséierung ze hunn. Donieft huet Lëtzebuerg 100 komplett Traitementer géint d’Afepouke virgesinn. Et gëtt domat gerechent dass dat duergeet well dësen Traitement nëmme benotzt gëtt wa Leit schro Komplikatioune kréien.