Déi consultativ Mënscherechtskommissioun huet hiren Avis zum neie Gesetzesprojet iwwer d’Adaptatioune vun de Corona-Mesurë verëffentlecht.

D’Zil vum neie Gesetz ass et den 3G an de Spideeler ofzeschafe mee d’Maskeflicht bäizebehalen. Och sollen déi selwecht Mesuren am Prisong gëlle wéi generell an d’Isolatiounszäit soll vun 10 op 7 Deeg reduzéiert ginn. Der Kommissioun no wier dat konfus dass direkt nom anere Gesetzesprojet iwwer d’Suppressioun vun der Maskeflicht an den ëffentlechen Transporter e weidere Gesetzesprojet eragereecht gouf. Si wier awer mat den neien Dispositiounen averstanen. Et misst een awer weiderhin d’Populatioun iwwer d’Mesurë sensibiliséieren zemools fir vulnerabel Leit ze schützen.