Den 23. Juni fënnt fir Nationalfeierdag nees déi traditionell Zeremonie statt.

An der Philharmonie ass dann um 10h00 den Optakt vun der Zeremonie. Hei ginn et Riede vum Premierminister Xavier Bettel, vum Chamberspresident Fernand Etgen a vum Grand-Duc Henri. Donieft ginn och eng Partie Auszeechnungen iwwerreecht.

Géint 11h00 ginn dann 21 Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus geschoss. An der Mëttesstonn fënnt eng Militärparad op der Avenue de la Liberté statt. Géint 13h00 ass dann d’Arméisfest op der Place de Metz. Um 16h30 steet den Te Deum an der Kathedral um Programm.