Och e Gesetz iwwer d'Produktioun vu medezineschem Cannabis, wäert virun de Walen net méi stoen.

Wéi d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert géigeniwwer dem Tageblatt sot, wäert d’Legaliséierung vum privaten Ubau vum Cannabis a vun der Produktioun vu medezineschem Cannabis, virun de Walen net méi komplett kënnen ëmgesat ginn.

E Gesetzesprojet iwwer d’Legaliséierung vum privaten Ubau vum Cannabis gouf jo am Regierungsrot approuvéiert. Bei der Produktioun vum medezinesche Cannabis wier ee grad dobäi erauszefannen, wéi komplex dat Ganzt wier. Wéi er weider vun der Ministesch heescht, wier er d’Zil vun der Regierung, dass béid Dossieren, bis zu de Walen esouwäit stoe géifen, dass een se der nächster Regierung mat op de Wee kéint ginn.