De Planning Familial huet e Protest virun der amerikanescher Ambassade, an der Stad, organiséiert.

Dëse huet um 12h30 en Dënschdeg de Mëtteg a Form vun engem Sit-in stattfonnt. De Planning familial wëll mat dëser Aktioun, géint d’Entscheedung vum amerikanesche Verfassungsgeriicht, fir d’Recht op Ofdreiwung an den USA ofzeschafen, protestéieren. Wéi et weider vum Planning heescht, misst een d’Recht op Ofdreiwung elo, méi schützen ewéi jeemools virdrun.

Mir ware fir iech op der Plaz a wollte wësse wat dës Entscheedung, déi an den USA getraff gouf, mat de Leit hei zu Lëtzebuerg mécht!

Och hei am Land ass et wichteg sech fir d'Recht, iwwert säin eegene Kierper kënnen ze decidéieren, anzesetzen. Donieft ass et dann och virun allem en Zeeche vu Solidaritéit:

Lauschtert hei d'Meenungen

Virun allem spillt awer och den Impakt vun den USA eng grouss Roll: Eng gewëssen Onsécherheet besteet, ob dëst Entscheedung net och kéint Konsequenze fir aner Länner hunn, respektiv ob an Zukunft nach weider Rechter a Gefor sinn...

Lauschtert hei d'Meenungen