Zu Bäerdref ass et an der Nuecht op e Méindeg zu enger Beschiedegung vu Gefierer komm.

Um Parking an der Iechternacher Strooss goufe 6 Gefierer muttwëlleg beschiedegt. Déi verdächteg Persoun hat d’Plaz scho verlooss wéi d’Police komm war. Mee se konnt awer erëmfonnt ginn. D’Plaintë vun de Proprietäre vun de Gefierer goufen duerno vun der Police entgéintgeholl.