Eng Persoun ass e Méindeg bei engem Tornado an Holland ëm d’Liewe komm.

Den Tornado ass zu Zierikzee op der hollännescher Küst gezunn. 10 Persoune goufen iwwerdeems blesséiert. D’Vertrieder vun der Provënz Zeeland hu matgedeelt dass d’Rettungsdéngschter nach am Asaz sinn, wat drop hiweist dass et sech net ëm eng definitiv Zuel vun de Blesséierten handelt. Weider Detailer feelen nach.