D’EU-Energieministeren hu sech op eng Opfëllung vun de Gasspäicheren zu 80 Prozent gëeenegt.

An dat bis bei de Wanter. Domat soll séchergestallt ginn dass d’Kapazitéiten an der EU trotz de Stéierungen um Gasmaart virum Wanter opgefëllt ginn. Stéchdatum ass hei den 1. November. D’Energieministeren hu sech jo e Méindeg zu Lëtzebuerg getraff. Fir déi nächst Wantere sollen d’Gasspäicheren dann zu 90 Prozent opgefëllt sinn. Bis 2025 soll dës Virgab gëllen. D’Europäer hoffen nämlech dass se bis dohin vu russesche Gasliwwerungen onofhängeg kënne sinn.

Donieft hunn d’Energieministeren sech fir méi streng Virgabe beim Ausbau vun erneierbaren Energien ausgeschwat. Erneierbar Energië sollen als verbindlech EU-wäit Zil 40 Prozent vum Energie-Mix bis 2030 ausmaachen. Bis ewell louch d’Zil bei 32 Prozent.