Déi lénk wëllen dass d’Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung festgeschriwwe gëtt.

D’Partei huet an engem Communiqué op d’Decisioun vum ieweschte Geriicht an den USA reagéiert. Hei ka jo lo all Bundesland selwer decidéieren ob dësen d’Ofdreiwungsrecht ofschafe wëll oder net. D’Situatioun an den USA sollt zu Lëtzebuerg och eng Léier sinn, esou déi lénk. Well d’Verfassung sollt reforméiert ginn, mengt d’Partei dass dat de richtege Moment wier dëst Recht duerch d’Verfassung ze garantéieren.

Communiqué vun déi lénk

Mäi Kierper – Meng Entscheedung. D'Rescht op Ofdreiwung muss an der Verfassung festgeschriwwe ginn!

An den USA konnt d'Ofdreiwungsrecht iwwer den Arrêt Roe vs. Wade vun 1973 vum Ieweschte Geriicht an alle federale Staaten gesetzlech garantéiert ginn. D'Rescht op Ofdreiwung gëtt an dësem Fall gläichgesat mam Rescht op individuell Fräiheet dat an der amerikanescher Verfassung verankert ass.

Ee federale Staat deen d'Ofdreiwung als illegal deklaréiert hätt, géing deementspriechend verfassungswiddreg handelen.

Domat ass säit dem 24. Juni 2022 Schluss. Déi ultra-konservativ Kräften aus dem Ieweschte Geriicht hunn dësen Arrêt gekippt. Elo ass d'Ofdreiwung an allen federale Staaten kriminaliséierbar.

Dat wäert schlëmme gesondheetlech Repercussiounen op d'Gesondheet vun de Fraen, non-binären an Transpersounen hunn, deenen hiert Rescht iwwer hiren eegene Kierper ze bestëmme grondsätzlech verweigert gëtt.

Mat dëser Entscheedung vum amerikaneschen Ieweschte Geriicht, ginn och Joerhonnerten al feministesch Kämpf fir d'Ofdreiwungsrecht an déi reproduktiv Rechter an engem Worf vum Dësch gewëscht.

Dëst trauregt Beispill aus de Vereenegte Bundesstate soll eis och zu Lëtzebuerg eng Léier sinn. Amplaz d'Ofdreiwungsrecht just mat Verfassungsrecht op individuell Fräiheet  ze assimiléieren, hätt misse gekuckt ginn dat Rescht direkt an der Verfassung ze verankeren.

Elo, wou eis Verfassung zu Lëtzebuerg soll reforméiert ginn, dierf een den Zuch net verpassen, fir d'Rescht op Schwangerschaftsofbroch an der Verfassung festzeschreiwen an duerch d'Verfassung ze garantéieren.

déi Lénk fuerderen d'Festschreiwe vum Ofdreiwungsrecht an eiser Verfassung!