An der ukrainescher Stad Krementschuk gouf en Akafszenter ugegraff.

De President Wolodymyr Selenskyj huet annoncéiert dass ronn 1.000 Persounen sech zu deem Zäitpunkt am Gebai opgehalen hunn. Eng russesch Rakéit soll d’Gebai getraff hunn. Et kéinte vill Doudesaffer a Blesséierter gezielt ginn. Op d’mannst 10 Doudesfäll goufe confirméiert, esou d’ukrainesch Autoritéiten. 40 Persounen wiere blesséiert ginn. Den Akafszenter géif och a Flame stoen, d'Rettungsdéngschter wieren am Asaz.