Weiderhin, soll et beim Treffe vun den europäeschen Ëmweltminister em eng Extensioun vum Emissiouns-Handel goen.

D'Ëmweltminister vun den EU-Memberstaate kommen um 09h30 en Dënschdeg de Moien, fir en Treffen zu Lëtzebuerg beieneen. Dat, fir doriwwer ze diskutéieren, ob an der EU, vun 2035 un, keng Autoen a liicht Notzgefierer mat Verbrennungsmotor méi zougelooss solle ginn. Weiderhin, soll et beim Treffen och dorëms goen, ob den Handel mat Emissiounszertifikater och op de Stroosseverkéier a Gebaier, grad ewéi natierlech “CO2-Senken”, ewéi zum Beispill Bëscher, applizéiert soll ginn.

Alleguer dës Mesure sinn Deel vum europäesche Klimapak, dee vun der EU-Kommissioun proposéiert gouf. Mat dësem sollen d'Emissioune vun Zäregasen an der EU, bis 2030, am Verglach zu 1990, ëm 40% reduzéiert ginn.