An enger vun de Petitioune gëtt d'Ofschafe vun den Notaire gefuerdert. En anere Petitionär verlaangt méi streng Strofen am Stroosseverkéier.

Zënter en Dënschdeg kënnen 2 nei Petitiounen um Petitiounssite vun der Chamber ënnerschriwwe ginn.

An enger dovu gëtt gefuerdert, dass d’Notairen ofgeschaaft ginn. Wéi et vun der Petitionärin heescht, wier et net méi zäitgeméiss, dass en et am ganze Land nëmme 36 Notairs-Büroe géif ginn. En Vue vun der Hausse vun den Immobiliëpräisser, wier et ausserdeem net ubruecht, dass ee beim Kaf vun enger Immobil nach héich Käschte fir den Akt vum Notaire bezuele misst. D’Notaire sollten dowéinst duerch ee méi moderne System ersat ginn.

An enger anerer Petitioun gëtt da verdangt dass d’Strofen, fir d’Fueren ënnert dem Afloss vun Alkohol a fir d’Benotze vum Handy um Steier, däitlech méi streng ginn.