16 Persoune goufe lieweg aus dem Camion gerett. Si goufe mat engem Hëtzschlag an d'Spidol bruecht.

Am amerikanesche Bundesstaat Texas goufen an engem Camion 46 dout Migrante fonnt. Dat hat de Chef vun de Pompjeeë vun der Stad San Antonio, Charles Hood, e Méindeg den Owend matgedeelt. Iwwerdeems wiere 16 Persoune liewend aus dem Camion gebuerge ginn. Si goufe mat engem Hëtzschlag an d’Spidol bruecht. Wéi et vum Hood, geheescht huet, wiere si esou waarm gewiescht, dass een si net hätt upake kënnen. Si hätte kee Waasser, fir ze drénke gehat.

3 Persoune goufen am Zesummenhang mam Dout vun de Migrante festgeholl.