D'Fro, wat ee géint d'Hausse vun de Bensinnspräisser maache kann, war en Dënschdeg Thema vun enger Aktualitéitsstonn an der Chamber.

En Dënschdeg de Mëtteg war an der Chamber eng Aktualitéitsstonn iwwert d'Hausse vun de Bensinnspräisser. Dës war vun der CSV-Fraktioun ugefrot ginn. Beim Debat ass et virun allem ëm d’Fro gaangen, wéi ee géint déi héich Bensinnspräisser virgoe kann.

D'Partei huet verschidde Proposë virgestallt wéi zum Beispill d’Verlängerung vum Tankrabatt vu 7,5 Cent de Liter bis den 30. September. Och eng Baisse op den EU-Minimum vu Steieren, Akzisen op Méiwäertsteier op Sprit an Heizkäschte bis Enn 2022 gëtt virgeschloen. Donieft fuerdert d'CSV dass de maximale Referenzwäert fir eng Energieprimm ze kréie verduebelt gëtt.

D’Finanzministesch Yuriko Backes an den Energieminister Claude Turmes hu sech am Numm vun der Regierung geäussert. Eng laangfristeg Léisung géint dës Probleemer wier d’Elektromobilitéit, esou d’Finanzministesch. Eng Realitéit ass et awer dass déi meeschte Leit Bensinn an Diesel tanke ginn. An deem Kader huet d’Ministesch d’Mesurë vum Solidaritéitspak widderholl. Donieft besteet e Risiko dass Tanke manner attraktiv zu Lëtzebuerg gëtt. Am Juni gouf nämlech schonn en Réckgang vun de Venten op den Tankstellen notéiert obwuel et nach ze fréi wier Konklusiounen doraus ze zéien.

Den Energieminister Claude Turmes huet iwwer de Sommet vun de 27 EU-Energieministeren zu Lëtzebuerg geschwat. Wichteg wier et um Pëtrolsmarché d’Demande ze senke fir dass d’Präisser erofginn. 2 Proposë vum Energieminister sinn dass eng EU-wäit kollektiv Geschwindegkeetsreduktioun agefouert gëtt genee esou wéi zwee Deeg Homeoffice pro Woch. Donieft sot de Minister dass d’Waff vum Gas a Westeuropa mëttlerweil vum russesche President Putin genotzt gëtt an dass et wichteg wier Gas ze spuere fir es genuch am Wanter ze hunn.