D'Zuel vun de Mënschen, déi beim Ugrëff ëm d'Liewe komm sinn, ass iwwerdeems op 18 geklommen.

Nom russesche Rakéitenugrëff op en Akafszenter an der ukrainescher Stad Krementschuk kënnt, en Dënschdeg, den UN-Sécherheetsrot beieneen. Wéi UN-Diplomaten zu New York matgedeelt hunn, wäert de Sécherheetsrot um 21h00 Auer mëtteleuropäescher Zäit, en Dënschdeg den Owend, iwwer den Ugrëff beroden. D’Ukrain hat gebieden, dass dat mächtegst Gremium vun der UN sech mat der Attack beschäftegt. De leschten Informatiounen no, sollen op d’mannst 18 Mënschen em d’Liewe komm sinn, wéi d’Rakéit am Akafszenter ageschloe war.