De Papp vum Bouf hat d'Kanner eleng mat engem Revolver am Zëmmer vun engem Motel gelooss.

A Florida huet en 8 Joer ale Bouf ongewollt e Puppelchen erschoss. Donieft soll de Jong en 2 Joer alt Meedchen ugeschoss a blesséiert hunn. Wéi déi lokal Police géigeniwwer der Noriichtenagence "AP" sot, hätt dem Bouf säi Papp, hien an déi 2 méi jonk Kanner vu senger Frëndin eleng mat engem Revolver am Zëmmer vun engem Motel an der Stad Pensacola gelooss. De Mann war virbestrooft an duerft dowéinst eigentlech keng Waff besëtzen. Géint hie gouf eng Plainte wéinst dem illegale Besëtz vun enger Waff a wéinst Vernoléissegung vu Mannerjärege gemaach.