D'Police huet missen esouwuel zu Bierden an zu Zolwer intervenéieren wéi verschidden Abriecher um Méindeg ënnerwee waren.

E Méindeg de Mëtteg huet d’Police eng jonk Persoun zu Méchela gestallt déi un engem Déifstall an Abroch deelgeholl hätt. Et waren nämlech kuerz viru 17h00 verdächteg Persoune gemellt ginn déi an en Haus an der Rue Floetscherbach zu Bierden agebrach waren. Beim Mann hat d’Police déi geklaute Saache fonnt. Eng Plainte gouf géint de Mann gemaach. Déi aner Verdächteg konnten nach net ermëttelt ginn. Et gouf donieft nach an en Haus zu Méchela agebrach. D’Spueresécherung war op der Plaz. D’Ermëttlunge sinn nach amgaangen.

E weideren Abroch gouf et an der Rue Aessen zu Zolwer. An zwar e Méindeg de Moie géint 11h00. Eng Persoun gouf an de Gäert vu verschiddenen Haiser gemellt. Wéi si ugeschwat gouf, as si a Richtung Esch getrëppelt. De Mann konnt doropshin an engem Bus ermëttelt ginn. Bei der Iwwerpréiwung goufe Bijouen a weider Objete fonnt, déi geklaut goufen. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an ass en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter komm. Déi geklaute Saache sinn zeréck bei d’Proprietäre komm.