Eng Resolutioun gouf vun der DP iwwer d’Ofdreiwung an der Chamber eragereecht.

Mat 56 Jo-Stëmmen a 4 Nee-Stëmme gouf d’Resolutioun um Dënschdeg ugeholl. An der Resolutioun wëll ee géint d’Restriktioun vum Ofdreiwungsrecht zu Lëtzebuerg virgoen. Dëst als Äntwert op d’Situatioun an den USA. Verschidde Parteie wëllen och dass d’Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung festgeschriwwe gëtt. Déi gréng Partei bedauert zum Beispill dass et keng kloer Nomenclature iwwer den IVG zu Lëtzebuerg gëtt. Dat bedeit dass et keng Zuele gëtt iwwer wéi vill Fraen zu Lëtzebuerg an esou eng Situatioun geroden.