D’G7-Staaten engagéiere sech fir d’Rekonstruktioun vun der Ukrain.

D’Zil wier et eng Aart "Marshallplang" opzestellen. An hirer Ofschlosserklärung en Dënschdeg hu sech d’Staaten bereet gewisen sech op laangfristeg Sécherheetszousoen ze eenegen. D’Zil ass et der Ukrain bei der Selbstverdeedegung ze hëllefen. D’Detailer goufen awer net matgedeelt. En Dënschdeg war nämlech de leschten Dag vum G7-Sommet am bayresche Schlass Elmau.

Russland huet iwwerdeems d’Virwërf vu Krichsverbriechen nom Rakéiten-Ugrëff zu Krementschuk an der Ukrain zeréckgewisen. D’G7-Staaten haten den Ugrëff ganz schaarf verurteelt. D’russesch Arméi huet erkläert dass d’Attack sech géint e Waffen- a Munitiounslager geriicht hat. Mee en Akafszenter gouf a Plaz getraff. D’Zuel vun den Doudesaffer ass ukraineschen Informatiounen no op iwwer 20 geklommen. Iwwer 40 Mënsche géifen nach vermësst ginn. An deem Kader fuerdert den ukrainesche President Selenskyj dass Russland als "staatleche Sponsor vum Terrorismus" agestuuft gëtt. Nëmme vëlleg verréckten Terroriste géifen zivil Ariichtunge mat Rakéiten ugräifen, esou de Selenskyj.