Am Hierscht 2023 soll a Schottland nees iwwer d’Onofhängegkeet ofgestëmmt ginn.

Dat huet d’Regierungscheffin Nicola Sturgeon um Dënschdeg matgedeelt. Stéchdatum ass hei den 19. Oktober 2023. D’Zäit fir d’Onofhängegkeet wier nämlech komm, esou d’Sturgeon am schottesche Parlament. Bei engem Referendum 2014 hat d’Majoritéit vun de Schotten sech fir dat Vereente Kinnekräich entscheet. Dat war awer nach virum Brexit. D’Schotten hate mat enger klorer Majoritéit géint Dëse gewielt. Déi brittesch Regierung vum Boris Johnson ass géint en neie Referendum.