Um 14h00 e Mëttwoch de Mëtteg, hunn déi Deputéiert an der Chamber iwwer dat neit Covid-Gesetz ofgestëmmt.

Mat 59 Jo-Stëmmen, also mat der Majoritéit gouf d’Gesetz ugeholl. Viraussiichtlech trieden dës nei Dispositiounen den 1. Juli, also e Freideg, a Kraaft. Den 3G-Regimm gëtt also an de Spideeler, Alters- a Fleegeheemer ofgeschaaft. D’Maskeflicht bleift awer nach bestoen. Déi sanitär Mesurë sollen dann an de Prisongen ewechfalen. D’Isolatiounszäit, wann ee positiv getest gouf, gëtt vun 10 op 7 Deeg reduzéiert.

Bis den 31. Oktober 2022 gëllt dat neit Gesetz.