Nieft Elektroautoen, wäerten dann och nach Autoe mat Verbrennungsmotoren, déi mat sougenannten "E-Fuels" fueren, zougelooss ginn.

Vun 2035 un, sollen an der EU nëmmen nach nei Autoen, déi keen CO2 ausstoussen, zougelooss ginn. Dorops hate sech d’Ëmweltminister vun den EU-Memberlänner en Dënschdeg, op engem Treffen, hei um Kierchbierg gëeenegt. Konkret bedeit dat, dass vun 2035 u keng nei Autoe méi, déi mat Bensinn oder Diesel fueren, an der EU zougelooss ginn. Nieft Elektroautoen, wäerten awer och nach Autoe mat Verbrennungsmotoren, déi mat sougenannten “E-Fuels” fueren, zougelooss ginn.