D'Police sicht no Zeien, nodeems bei enger Kläpperei zu Iechternach 2 Persoune blesséiert goufen.

Den 23. Juni hat d'Police géint 15h00 Mëttes eng Ausernanersetzung tëscht e puer Persounen an der Rue de la Montagne zu Iechternach gemellt kritt. 2 Persoune waren hei blesséiert ginn.

An dësem Zesummenhang sicht d'Police den Ament no Zeien. Wien Informatiounen iwwert den Tëschefall huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat vun Iechternach ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 72 1000 oder der Mailadress "police.echternach@police.etat.lu".