An der Nuecht op e Mëttwoch gouf e Mann, deen zu Fouss vum Garer Quartier a Richtung Gaasperech ënnerwee war, iwwerfall.

Zwee Männer hunn hien ugegraff an säin Handy geklaut. Dem Affer ass et gelongen den Täter nozelafe mee si hunn hie mat engem Messer menacéiert. Wéi en Auto laanscht gefuer ass, sinn d’Täter a Richtung Gare fortgelaf. Si konnten net méi erëmfonnt ginn. Eng Plainte gouf gemaach an et gëtt och géint si ermëttelt, esou d'Police.