D’NATO huet e Mëttwoch d’Opname-Prozedur fir Schweden a Finnland offiziell lancéiert.

D’Staats- a Regierungscheffen hunn um Sommet zu Madrid sech fir déi offiziell Bäitrëtts-Aluedung fir déi zwee Länner ausgeschwat. D’Tierkei huet hire Widderstand géint d’Erweiderung vun der Militärallianz opginn. Ronn 6 Wochen hat den tierkesche President Erdogan d’Prozedur blockéiert. Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet sech an deem Kader erliichtert gewisen.

Donieft gouf um NATO-Sommet gesot dass d’Ukrain sech esou laang wéi néideg op d’Allianz verloosse kann.

De Premier Xavier Bettel ass fir Lëtzebuerg um Sommet.