E Mëttwoch an der Mëttesstonn ass et zu engem Déifstall mat Gewalt an der Rue Joseph Funck am Garer Quartier komm.

Eng Koppel gouf hei ugegraff an den Handy vun der Fra gouf geklaut. Si gouf iwwerdeems um Kapp blesséiert. Si ass doropshin an d’Spidol gefouert ginn. D’Täterin, déi geflücht war, konnt méi spéit an der Rue du Fort Wedell gestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf d’Fra festgeholl a kënnt bei den Untersuchungsriichter. De geklauten Handy krut d’Proprietärin nees zeréck.