Bei engem Äerdrutsch an Onwiederen ass e Mëttwoch op d’mannst eng Persoun an Éisträich ëm d’Liewe komm.

D’Persoun wier ausserhalb vun hirem Haus am Bezierk Villach-Land fonnt ginn, esou d’Spriecherin vun der Police. Ee weidere Mënsch, dee mam Auto ënnerwee war, gëtt vermësst. Heftege Reen hat en Äerdrutsch an Iwwerschwemmungen ausgeléist. Beim Doudesaffer handelt et sech ëm en 82-järege Mann dee vun enger Bulli-Lawine matgerappt gouf. Wéi et vum Roude Kräiz heescht wiere verschidden Dierfer komplett ausgegrenzt.