D’Petitioun 2309 iwwer de Remboursement vun de Psycholog-Facturen gëtt ëffentlech an der Chamber debattéiert.

5.514 Ënnerschrëfte goufe validéiert. Domat gouf de Seuil vun de 4.500 néidegen Ënnerschrëften iwwerschratt. D’Membere vun der Petitiounskommissioun hunn d’Organisatioun vun dëser Debatt confirméiert. Dës wäert warscheinlech bei der Rentrée stattfannen. D’Petitionärin kann dee Moment mat 5 weidere Persounen an d’Chamber kommen a mat den Deputéierten a Ministeren debattéieren.

Eldoradio hat an deem Kontext virun e puer Woche mam President vun der CNS a mat der Lëtzebuerger Federatioun vun de Psychotherapeute geschwat.