
© Eldoradio
Et ass keng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.
Vun 785 PCR-Tester waren der 166 positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Freideg matgedeelt huet.
Iwwerdeems ass keng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer bleift domadder bei 1.119.
Am Moment leie 11 Persoune mam Covid-19 am Spidol, dovunner keng op der Intensivstatioun.