Aktuell soll een am Raum Beetebuerg keng Persoune mathuelen, déi Auto-Stopp maachen.

En Donneschdeg am fréien Owend gouf en Zeitungsbuttek zu Beetebuerg iwwerfall. Dobäi war och e Messer agesat ginn. Wéi d'Police op Twitter schreift, wieren 3 Persounen nom Iwwerfall geflücht. D'Sich no hinne géif den Ament lafen.

Et soll een deemno keng Persoune mathuelen, déi Auto-Stopp maachen a verdächteg Persounen um 113 mellen.