Endgültegt Zil vum Schëff, ass den Hafe vun Tripoli am Libanon.

Dat ukrainescht Schëff, mam Numm "Razoni" dat e Méindeg den Hafe vun Odessa verlooss hat, fir 26.000 Tonne Mais an de Libanon ze transportéieren, dierf de Bosporus passéieren. Wéi et vun den tierkeschen Autoritéiten heescht, hate ronn 20 Experten aus der Tierkei, der Ukrain, aus Russland a vun de Vereenten Natioune virum Passage kontrolléiert, ob den Transporter keng onerlaabte Gidder gelueden hat.

Nodeems et bei de Kontrolle keng Opfällegkeete gouf, dierf d'Razoni elo den Hafe vun Tripoli am Libanon ufueren. Wéi et iwwerdeems vun ukrainescher Säit heescht, wiere 17 weider Schëffer mat Kär prett, fir déi ukrainesch Häfen ze verloossen.