E Mëttwoch war e Cyclist bei enger Chute méi uerg blesséiert ginn.

Géint 14h30 e Mëttwoch am Nomëtteg war e Cyclist op der N7 tëscht dem Schinker an der Houschter Déckt e Rampli erofgefall an uerg blesséiert ginn. Nieft der Ambulanz aus der Nordstad an de Rettungsdéngschter vun Housen a Pëtschent waren och de Samu an den Helikopter vun der Airrescue op der Plaz.