E Méindeg haten sech 2 Automobilisten eng Poursuitte geliwwert. Dobäi haten si och aner Chaufferen a Gefor bruecht.

Wéi d’Police mellt, haten sech 2 Automobilisten tëscht 16h40 a 16h50 e Méindeg den Owend eng reegelrecht Poursuitte geliwwert. Dës war vun Angelduerf aus, iwwer d’B7, duerch de Rond-Point Fridhaff a schliisslech iwwer d’N7 laanscht Branebuerg, Baastenduerf an d’Bleesbréck gaangen. Béid Automobiliste waren hei mat enger ganz héijer Vitess ënnerwee an hate mat hire Manöver och aner Chaufferen a Gefor bruecht. Bei den Autoen, déi an d’Course involvéiert waren, soll et sech em e roude BMW 320 an e wäisse Golf GTI handelen. Wien an dësem Zesummenhang eppes gesinn huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Dikrech/Veianen ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 80 1000 oder via d'Mailadress "police.diekirchvianden@police.etat.lu".