Zu Esch an zu Schëffleng war e puer mol Feier geluecht ginn. Et war beim Materialschued bliwwen.

An der Nuecht op e Mëttwoch gouf der Police gemellt, dass op verschiddene Plazen op der Place Norbert Metz zu Esch-Uelzecht an an der Escher Strooss zu Schëffleng kleng Feier geluecht gi waren. 2 mol war e Feier an der Géigend vun engem Gebai gelicht ginn. An engem Fall hat et sech em e Gebai gehandelt an deem Mënsche wunnen. Ausserdeem war e Bushaische beschiedegt ginn.

Déi verschidde Feier goufe vun de Pompjeeën a vun de Poliziste geläscht. Allerdéngs war ee Feier op d'Fassad vun engem Gebai zu Esch iwwergaangen. Deen Ament haten sech och Mënschen am Gebai opgehalen. Dat nämmlecht konnt zu Schëffleng verhënnert ginn. An alle Fäll war et beim Materialschued bliwwen.

D'Poliziste konnten 2 verdächteg Persounen zu Schëffleng bei der Bréck, déi iwwer d'Zuchschinne geet, festhuelen. Dës goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen e Mëttwoch am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter. Ausserdeem huet de Parquet de Service fir Brandstëftung an d'Spueresécherung vun der Police Judiciaire mat de weideren Ermëttlunge beoptraagt.