D’USA huet fir de NATO-Bäitrëtt vu Schweden a Finnland gestëmmt.

Beim Vott iwwert de NATO-Bäitrëtt vu Schweden a Finnland hunn 95 Senateure mat Jo gestëmmt, et gouf just eng Nee-Stëmm gezielt. De NATO-Bäitrëtt vun deenen zwee Länner muss vun de Parlamenter vun allen 30 Memberstaaten ratifizéiert ginn. Dëst ass bis elo an 23 NATO-Länner geschitt. Lëtzebuerg huet och fir een NATO-Bäitrëtt vu béid Länner gestëmmt. D'Tierkei dréit weiderhi mat engem Veto a behaapt, dass sech déi zwee Bäitrëttskandidaten net un Ofmaachunge géifen halen.