Déi däitsch Regierung huet um Mëttwochowend nei Corona-Mesurë fir den Hierscht presentéiert an investéiert Milliounen Euro fir een nasale Corona-Impfstoff.

Bei de Corona-Mesuren, déi vum Hierscht un solle gëlle geet et ënner anerem ëm eng Maskeflicht am ëffentlechen Transport, sou wéi eng Maskenflicht an Testflicht an de Spidoler an an de Fleegeheemer. Ob eng Maskeflicht an de Schoulen nees agefouert soll ginn, kann all Bundesland fir sech decidéieren. Déi däitsch Regierung schwätzt awer dofir. Am Moment gëtt déi däitsch Regierung fir dës Decisioune staark kritiséiert. Virun allem steet d'Maskeflicht an de Schoulen nees vill a Kritik.

Am Ganze stécht Bundesregierung 1,7 Milliounen Euro an d'Entwécklung vun engem nasalen Impfstoff géint de Coronavirus. Dësen Impfstoff soll op Schläimhaut an der Nues gemaach ginn a kann dann direkt op der Plaz wierken, wou de Virus an de Kierper kennt, sou déi däitsch Fuerschungsministesch. D'Entwécklung vun dësem Impfstoff ass ee Projet vun der Universitéitsklinik München.