Op Island ass ee Vulkan op een Neits ausgebrach.

Réischt lescht Joer ass de Vulkan, 30 Kilometer vun der Haaptstad Reykjavik ewech, ausgebrach. Dunn hat den Ausbroch 6 Méint gedauert. Wéi laang et dës Kéier dauere wäert ass nach net gewosst. De Moment gëllt keng Gefor fir d'Mënschen, sou déi islännesch Police. Et soll een awer net an d'Géigend vum Vulkan goen. Vill Stroossen an der Regioun goufen dofir gespaart.