An Däitschland ass et zu engem Bëschbrand no enger Explosioun op enger Sprengplaz komm. Hei lageren och 50 Tonne Kampfmëttel.

D'Explosioun ass op enger Sprengplaz an der Géigend vu Berlin geschitt. Dës war net geplangt an duerch d'Explosioun huet de Bësch nieft der Sprengplaz Feier gefaangen. Ronderëm d'Sprengplaz gouf eng Spärzone vun 1 Kilometer ageriicht. Dat well op deem Grondstéck 50 Tonne Kampfmëttel lageren an eng massiv Explosiounsgefor gëllt, sou déi däitsch Pompjeeën. De Moment brenne ronn 1,5 Hektar, dorënner och d'Sprengplaz. Et ass schonn zu Detonatioune komm.

Et huet ee virsiichtshallwer de Läschhelikopter an d'Spezialunitéit vun der däitscher Arméi bestallt. D'Brandursaach ass nach net gekläert. Den Zuchverkéier ass de Moment och deelweis ënnerbrach an d'Autobunn, sou wéi aner Stroosse goufe gespaart. D'Awunner aus der Ëmgéigend sollen hier Fënsteren an Dieren zou loossen a Lëftungen a Klimaanlage sollen aus bléiwen.